Wëllkomm !

D’ganz Equipe vun der Moutarderie de Luxembourg ass frou, Iech op hirem Site begréissen ze kënnen, a mir sinn ongedëlleg, Iech eis Geschicht, eisen Know-how, eis Rezepter an eis Produite virzestellen.

Bei der Moutarderie de Luxembourg entwéckele mir säit bal 100 Joer Rezepter 100 % Made in Luxembourg mat 100 % natierlechen Ingredienten an ouni Konservéierungsstoffer.

A well eis Satisfaktioun virun allem vun Ärem Pleséier ofhänkt, denke mir bei der Entwécklung vun eise Produiten un Iech: Grouss a Kleng, Privatpersounen a B2B-Clienten, u verschidde Goûten an ënnerschiddlech Wënsch.

Vill Spaass bei Ärer Visite a bis geschwënn!

Weider Infoen

Rezeptiddi

Schwieregkeetsgrad Recette
Raclette cheeseburger

Raclette Burger

Fir 4 Persounen • Preparatioun :  40 Min. • Rezept vun Anne’s Kitchen.

 

Fir d’Burger Pattien: 500 g Rëndsgehacktes, 1 Ee, 3 Iessläffel Chapelure, 4 Iessläffel Schaarfen Moschter , ½ Téiläffel Salz, Frësch gemuelene Peffer

Fir den Rescht: 2 Ennen, 3 Iessläffel Ueleg, 8 Iessläffel Moutarderie de Luxembourg BBQ-Zooss, 4 Burgerbréidercher, 12 Scheiwen Raclette-Kéis, 4 Téiläffel Schaarfen Moschter vun der Moutarderie de Luxembourg, 4 Blieder gehackten Iceberg Laitue, 4 Scheiwen gereechert Tiroler Ham, 4 Kornischongen, a Scheiwen geschnidden

D’ganzt Rezept liesen