Classic Burger

Schwieregkeetsgrad 2/5

D’obligat Molzecht fir all Amateur vu guddem Iessen, deen eppes op sech hält: Fleesch, Gromperen … an natierlech lëtzebuergesche Ketchup!

  • -4 Burgerbréidercher
  • -Hamburgeren
  • -1 Tomat
  • -Ueleg
  • -Salz
  • -4 sauer Kornischongen
  • -4 Blieder Laitue
  • -Cheddar
  • -400 g Gromperen
  • -50 g Botter
  • -Lëtzebuergesche Ketchup
Classic Burger

  1. 1De Schäffchen op 180 °C erhëtzen.
  2. 2D’Tomat schielen an a Rondele schneiden.
  3. 3D’Kornischongen an d’Ënn a Rondele schneiden.
  4. 4Den Ueleg an enger Pan waarm maachen.
  5. 5D’Hamburgeren salzen a liicht ubroden.
  6. 6Wann d’Hamburgere liicht brong sinn, se aus der Pan huelen an eng Tranche Cheddar dropleeën.
  7. 7Zesumme mat dem ieweschten Deel vun de Burgerbréidercher 5 Minutten am Schäffche baken.
  8. 8E Blat Laitue op déi aner Halschent vun de Burgerbréidercher leeën.
  9. 9D’Hamburgeren aus dem Schäffchen huelen, op d’Laitue leeën a lëtzebuergesche Ketchup drop maachen. Wie méi e groussen Appetit huet, ka selbstverständlech och 2 Hamburgeren op e Bréitche leeën ...
  10. 10E Rondel Tomat, e Blat Laitue, e Rondel Kornischong, e Rondel Ënnen an dat Iewescht vun de Burgerbréidercher drop leeën.
  11. 11D’Gromperen a Rondele schneiden, wäschen an ofdrëpse loossen.
  12. 12De Botter an enger Pan schmëlzen an d’Grompere mat e bësse Salz draleeën.
  13. 1310 Minutten ubroden a regelméisseg réien.
  14. 14Lo muss dat Ganzt just nëmmen nach schéin op engem Teller – mat Ketchup oder Andalouse – arrangéiert ginn a scho kënnt Dir lassleeën!