Brockelcher

Schwieregkeetsgrad 4/5

Mmmm! Brockelcher mat Moschter „à l’ancienne“! Voilà! E Rezept, dat Iech zimlech sécher schmaache wäert!

  • -800 g frësch Brockelcher
  • -2 Zoppeläffele lëtzebuergesche Moschter „à l'ancienne“
  • -1 Ënn
  • -20 cl Crème fraîche
  • -1 Kaffisläffel Maizena
  • -20 g Botter
Brockelcher

  1. 1De Stronk vun de Brockelcher erausschneiden, d’dréche Blieder ewechhuelen a se wäschen.
  2. 2D’Brockelcher ofdrëpse loossen.
  3. 3Waasser erhëtzen an d’Brockelcher 20 Minutte bei grousser Flam kachen.
  4. 4Fir d’Sauce d’Crème fraîche, de lëtzebuergesche Moschter „à l'ancienne“, Peffer a Maizena mëschen.
  5. 5D’kleng geschnidden Ënn an enger Pan mat Botter ubroden.
  6. 6Wann d’Brockelcher mëll sinn, se ofschëdden a waarm stellen.
  7. 7D’Brockelcher op d’Ënn ginn an d’Sauce driwwer schëdden. Mat Salz a Peffer wierzen.
  8. 8Alles mëschen an 3 Minutten op klenger Flam kache loossen.