Artichaud Dip

Schwieregkeetsgrad 1/5

Fir 4 Leit – Preparatioun : 20 Min – Schäffchen : 30 Min. Rezept vun Anne’s Kitchen.

  • -200g jonk Spinatblieder
  • -20g Botter
  • -1 Knuewelekszéif
  • -1 Bécks Artichautshäerzer (240g ofgeschott)
  • -70g Sauerram
  • -70g Mayonnaise "aux oeufs"
  • -50g Cheddar, gerappt
  • -80g Pizza Mozzarella, gerappt
  • -25g Parmesan, gerappt
  • -E bëssi Muskot
  • -Salz & Peffer
  • -Tortilla Chips, fir ze dippen
Artichaud Dip

  1. 1D’Spinatblieder* wäschen an dann d’Halschecht an enger ongeuelechter Pan kache bis d’Blieder zerfall sinn an d’Flëssegkeet verkacht ass. An eng grouss Schossel ginn a mat de reschtleche Blieder weidermaachen. Wann de Spinat bis e bëssi ofgekillt ass, grob haken.
  2. 2De Botter an der Pan schmëlzen, d’Knuewelekszéif schielen an zerdrécken a kuerz am Botter ubroden. De Knuewleckbotter iwwert de Spinat schëdden.
  3. 3D’Artichautshäerzer ofschëdden a kleng haken. Bei de Spinat ginn. Dann d’Sauerram, Mayonnaise, Cheddar, Mozzarella a Parmesan derbäiginn. Mat e bëssi Muskot, Salz a Peffer wierzen an dat Ganzt gutt vermëschen.
  4. 4Alles an eng kleng Bakform ginn an 30 Minutte bake bis den Dip schéi Gratinéiert ass.
  5. 5Mat Tortilla Chips zerwéieren.
  6. 6TIPP: Dir kennt och gefruere Spinatblieder huelen. A kachend Salzwaasser ginn, e puer Minutte kachen an dann de Spinat mat kalem Waasser ofkillen, a souvill wéi méiglech Flëssegkeet wei méiglech rauspressen.