Kachkéis Schmier

Schwieregkeetsgrad 1/5

Et gi Saachen, déi gehéieren einfach zesummen. Esou wéi Kachkéis a Moschter! Rezept vun Anne’s Kitchen. 

  • -250g ongekachten Kachkéis Wurscht
  • -100ml Ram
  • -50ml wäisse Wäin
  • -Salz a Peffer
  • -Brout
  • -Original Moschter
Kachkéis Schmier

  1. 1D’Kachkéiswurscht an Stecker schneiden an mat der Ram an dem wäisse Wäin an en Dëppen ginn.
  2. 2Erhëtzen an schmëlzen – dobäi gutt réieren – bis en glat ass. Mat Salz a Peffer ofschmaachen.
  3. 3Den Kachkéis an eng Schossel ginn an d’Surface vum Kéis mat Frischhaltefolie ofdecken, fir dass sech beim Ofkillen keng Haut bilt.
  4. 4Komplett ofkillen loossen an dann am Frigo opbewaren.
  5. 5Fir ze zerwéieren e bëssen Kachkéis op enger Schmier verdeelen an mat enger gudder Portioun original Moschter besträichen.