Nuddele mat Champignonen

Schwieregkeetsgrad 3/5

E séiert Rezept – ideal am Hierscht – mat lëtzebuergeschem Moschter „à l’ancienne“ fir all d’Amateure vun Nuddelen a Champignonen.

  • -5 Champignonen (am beschte frëscher!)
  • -1 Zoppeläffel lëtzebuergesche Moschter „à l’ancienne“
  • -2 Zoppeläffele Crème fraîche
  • -Nuddelen (egal wéi eng Zort)
  • -Salz
  • -Peffer
  • -Curry
Nuddele mat Champignonen

  1. 1D’Champignonen an enger Pan ubroden.
  2. 2D’Nuddelen an engem Dëppe mat Salzwaasser kachen.
  3. 3De lëtzebuergesche Moschter „à l’ancienne“ bei d’Champignone maachen.
  4. 4D’Crème fraîche an de Curry derbäimaachen.
  5. 5Salzen, pefferen an d’Nuddelen ofschëdden.
  6. 6D’Sauce op d’waarm Nuddele maachen an Iech et schmaache loossen!