Sandwich mat Tofu an Kréichels-Mayonnaise

Schwieregkeetsgrad 1/5

Fir 2 Sandwicher • Preparatioun : 5 Min • Kachen : 10 Min. Rezept vun Vegelizious.

  • -4 Broutscheiwen
  • -20 g Botter
  • -10 g Péiterséileg, frësch
  • -4 Iessläffel Gromperepüree
  • -2 Téiläffel Mayonnaise « à l’ancienne »
  • -125 g gereecherten Tofu
  • -2 Gräppvoll Zaloteblieder oder Babyspinat
  • -200 g Geméis Bëtz (z.b Kürbis, Brockelcher …)
Sandwich mat Tofu an Kréichels-Mayonnaise

  1. 1Botter an eng Pan ginn an d‘Broutscheiwen doran ubroden bis se op béiden Säiten gegrillt a knuspreg sinn (ca. 2 Minutten pro Säit).
  2. 2Tofuscheiwen (ca. 3 bis 5 mm déck) an d’Pan ginn an ubroden bis se op béiden Säiten gegrillt a knuspreg sinn.
  3. 3Fir Kréichels Mayo gëtt d‘Mayonnaise « aux œufs » mat Kréichels Gebeess gutt vermëscht.
  4. 4Den Sandwich opbauen. Eng Broutscheif mat Mayonnaise „à l’ancienne“ besträichen an mat den Ingredienten beleeën : e puer gegrillten Tofuscheiwen, Gromperepüree, Geméis, Zalot oder Babyspinat. Déi zweet Broutscheif generéis mat Kréichelsmayonnaise besträichen an den Sandwich zou maachen.
  5. 5Tipp : wann Dir keng Geméisreschter hutt, kënnt Dir 3-4 dënn Scheiwen Kürbis pro Sandwich schneiden, an enger Pan 4 Minutten op béiden Säiten bei mëttlerer Hëtzt ubroden an zum Schluss e Schotz Waasser derbäiginn.