Saumonburger

Schwieregkeetsgrad 3/5

Fir 2 Burgers • Rezept vun Weymis BBQ

  • -2 Burgerbréidercher
  • -2 Saumonsfileten (jee 150-200g)
  • -Maiséierchers Zalot
  • -4 Iessläffele Quark mat Crème 
  • -Gedréchent Cranberries
  • -Dëll
  • -1/3 Zitroun
  • -2 TL Moschter „l’originale“
  • -1 TL Moschter à l’ancienne
  • -2-3 TL flëssegen Hunneg
  • -Salz a Peffer
Saumonburger

  1. 1D'Saumonsfileten mat Zitrounejus beträufelen, dann no Goût mat Salz a Peffer wierzen. Entweder um Grill (am beschten op enger „Holzplank“grillen) oder am Schäffche baken.
  2. 220-25 Minutte bei 180 Grad Celsius (ofhängeg vun der Déckt vun de Fileten an der gewënschter Gaarheet).
  3. 3An der Zwëschenzäit d'Hunneg-Moschterzooss virbereeden: Hunneg, Moschter, 3-4 Sprëtzer Zitrounejus an Dëll vermëschen. Schlussendlech mat Salz a Peffer wierzen.
  4. 4Als nächst de Quark mat de Cranberries, Salz a Peffer virbereeden.
  5. 5Burgerbréidercher an enger Pan a Botter toasten.
  6. 6Burger opbauen : Bun Buedem, 2 Iessläffele Quark,e puer Blieder Maiséierchers Zalot, De Saumon (Wichteg: de Saumen liicht mat zwou Forschetten auserneezupfen), Hunneg-Moschterzooss dropsträichen, Bundeckel