Thon-Cocktail-Stären

Schwieregkeetsgrad 2/5

Fir 30 Stären – Zoubereedung: 20 Minutten – Schäffchen: 10 Minutten

  • -140g Thon aus der Bécks (am Waasser), ofgeschott
  • -1 Fréijorszwiwwel
  • -10g Koriander
  • -50g Moutarderie de Luxembourg Cocktail Zooss
  • -1 Limett
  • -Salz a Peffer
  • -15 Sandwichscheiwen ouni Rand
  • -Olivenueleg, fir ze besträichen
  • -Forellen- oder Saumonseeër
Thon-Cocktail-Stären

  1. 1Den ofgeschoddenen Thon an en Sift ginn an nach weider ofdrëpsen loossen wärend di reschtleg Ingredienten preparéiert ginn.
  2. 2D’Fréijorszwiwwel an Scheiwen schneiden an an e klenge Mixer ginn. De Koriander grob hacken an mat der Cocktail Zooss an de Mixer ginn.
  3. 3Den Thon mat engem Läffel am Sift ausdrécken, fir de Rescht Flëssegkeet rauszedrécken, an an de Mixer ginn.
  4. 4De Zest vun 1/4 Limett ofreiwen an mat 1 Iessläffel Limettejus bei den Thon derbäiginn. Generéis mat Salz a Peffer wierzen an zu enger Paste mixen.
  5. 5Eventuell mat méi Salz a Peffer ofschmaachen.
  6. 6D’Paste an e Sprëtzbeutel mat enger Stärenförmeger Nues ginn an bis zu Gebrauch kal stellen.
  7. 7Fir d’Stären Croutonen: den Schäffchen op 160°C erhëtzen.
  8. 8Eng Sandwichscheif op en Schneitbriet ginn an mat enger Bakrull plattrullen.
  9. 9Mat engem stärenförmegen Ausstiecher 4 Stären aus all Scheif ausstiechen.
  10. 10D’Stären jeeweils op enger Säit mat Olivenueleg besträichen an op e Bakblech leen. D’Stären 10 Minutten am Schäffchen baken.
  11. 11Nom Ofkillen e bëssi Thon-Paste op all Stär sprëtzen an virum zerwéieren mat Fescheeër an Koriander dekoréieren.