Wäinzoossiss mat moschterzooss

Schwieregkeetsgrad 3/5

Fir 4 Persounen • Virbereedung : 15 Min • Kachen : 15 Min

  • -8 Wäinzoossissen
  • -1 klengt Stéck Botter
  • -1 Schallott
  • -1 ZL Moschter
  • -10 cl Riesling
  • -10 cl Rahm
  • -1 ZL Fleeschjus
Wäinzoossiss mat moschterzooss

  1. 1An enger Pan d’Wäinzoossissen am Botter op héijer Flam vun zwou Säite während 5 Min. ubroden. Duerno d’Temperatur erofdréinen, fir dass se och bannen duerch ginn.
  2. 2Preparatioun vun der Moschterzooss
  3. 3D’kleng geschnidde Schallott am Botter ubroden, bis se glaseg ass.
  4. 4E Läffel Moschter derbäiginn a mat engem hëlzene Läffel réieren.
  5. 5Mat dem Riesling an dem Fleeschjus ofläschen an de Moschter opléisen. 2/3 akache loossen, duerno d’Rahm derbäiginn an nach emol d’Halschent akache loossen.
  6. 6D’Wäinzoossiss mat Moschterzooss a Gromperepurée zerwéieren.