Zalot sonneg

Schwieregkeetsgrad 1/5

Dir hutt Appetit op e frësche Plat? Dann ass dëst Rezept fir eng Zalot sonneg mat Mayonnaise „à l’ancienne“ wéi fir Iech gemaach!

  • -4 Gromperen
  • -2 Eeër
  • -1 Tomat
  • -150 g Pouletsfilet
  • -8 sauer Kornischongen
  • -Salz
  • -Peffer
  • -2 Zoppeläffele lëtzebuergesch Mayonnaise „à l’ancienne“
  • -1 Kaffisläffel Wäinesseg
  • -1 Zoppeläffel flëssege Ram
  • -1 Dous Mais
  • -Péiterséileg
Zalot sonneg

  1. 1D’Gromperen an engem Dëppe mat Waasser kachen an ofkille loossen.
  2. 2De Mais ofschëdden.
  3. 3D’Eeër 10 Minutte kachen.
  4. 4D’Tomat, de Poulet an d’Grompere wierfelen an an eng Zaloteschossel maachen.
  5. 5D’Eeër a kleng Stécker schneiden an d’Kornischongen a Rondelen.
  6. 6De Péiterséileg hacken. An d’Zaloteschossel bei d’Eeër an d’Kornischonge maachen. Mat Salz a Peffer wierzen.
  7. 7D’lëtzebuergesch Mayonnaise „à l’ancienne“, de Ram an den Esseg vermëschen an iwwert d’Zalot schëdden.
  8. 8D’Zaloteschossel eng Stonn kal stellen!
  9. 9D’Zaloteschossel aus dem Frigo huelen, zerwéieren an Iech regaléieren!