Cake mat Saumon a Porrett

Schwieregkeetsgrad 4/5

Entdeckt dëst leckert Rezept mat Mayonnaise „au citron“. Et ass ideal fir de Summer. Jee no Loscht … a Meteo … kann et kal oder waarm genoss ginn!

  • -300 g Saumonsfilet
  • -Olivenueleg
  • -1 Schallott
  • -240 g Miel
  • -12 cl Mëllech
  • -1 hallef Tut Hief
  • -Lëtzebuergesch Mayonnaise „au citron“
  • -Salz
  • -Peffer
  • -2 Porretten
Cake mat Saumon a Porrett

  1. 1De Schäffchen op 180 °C erhëtzen.
  2. 2D’Schallott an d’Porrette kleng schneiden.
  3. 3An eng Pan mat Olivenueleg maachen. Mat Salz a Peffer wierzen.
  4. 4Mix 4 to 5 tablespoons of Luxembourg lemon mayonnaise with the flour, milk and half pouch of yeast.
  5. 5De Saumonsfilet wierfelen.
  6. 6De Saumon, d’Porretten an d’Schallott bei d’Mëschung maachen.d the salmon, leeks and the shallots to the mixture.
  7. 7Bakpabeier an eng Cakeform leeën an d’Mëschung draschëdden.
  8. 8D’Cakeform an de Schäffche stellen a bei 180 °C während ca. 40 Minutte baken.
  9. 9Aus dem Schäffchen huelen an ouni Hemmunge genéissen!