Dillsauce

Schwieregkeetsgrad 2/5

D’ideaalt Rezept, fir bei all Äre festleche Platen ze zerwéieren: e bësse lëtzebuergesche Moschter „original“, e bëssen Dill a ganz vill Léift!

  • -3 Zoppeläffele Moschter „original“
  • -3 Zoppeläffelen Hunneg
  • -3 Zoppeläffelen Ueleg
  • -3 Zoppeläffele wäissen Esseg
  • -1 Bouquet Dill
  • -Salz
  • -Peffer
Dillsauce

  1. 1Den Dill kleng schneiden.
  2. 2De lëtzebuergesche Moschter „original“ mam Hunneg an Ueleg mëschen.
  3. 3Den Esseg, Salz, Peffer an de gehackten Dill derbäimaachen.
  4. 4An de Frigo stellen.
  5. 5Réischt kuerz virum Zerwéieren aus dem Frigo huelen.