Poulet mat Moschterzooss

Schwieregkeetsgrad 2/5

Fir 4 Persounen • Preparatioun + kachen : 40 Min. • Rezept vun carnetdesaveurs

  • -4 Poulet-Brëscht
  • -400g frësch Nuddelen, z.B Tagliatelles
  • -15 g Botter
  • -1 Iessläffel Ueleg
  • -2 Schallotten
  • -5 cl Xérès Esseg
  • -40 cl Ram
  • -Piment d’Espelette
  • -1 Téiläffel Moschter « original »
  • -1 Iessläffel Moschter « à l’ancienne »
  • -Salz, Peffer
Poulet mat Moschterzooss

  1. 1Mat der Moschterzooss ufänken. D‘ Schallotte schielen an a Reng schneiden. Mat dem Xérès Esseg an en Dëppe ginn an opkachen. De Ram dobäiginn an nees opkachen. De Moschter « original » an de Piment d’Espelette mam Schnéibiesem ënnermëschen. Vun der Kachplack huelen, d’Zooss duerch eng Passett schëdden an uschléissend de Moschter à l’ancienne dobäiginn a gutt réieren.
  2. 2D’Poulet Brëscht an enger Pan mat Botter an Ueleg op béide Säiten 2 Min ubroden dann d’Hëtzt erofschalten a weider 8 bis 10 Minutte kache loossen . Mat Salz a Peffer wierzen.
  3. 3An der Tëschenzäit, d’Nuddelen a kachendem Salzwaasser kachen (Kachzaït no Uweisungen op der Packung).
  4. 4Nuddelen ofschëdden. D‘Moschterzooss op d’waarm Nuddele maachen a gutt vermëschen.
  5. 54 Teller mat Nuddelen a jeeweils eng Poulet-Broscht uriichten. De Rescht vun der Moschter Zooss drop verdeelen an direkt zerwéieren.