Moink Balls mat Kéisfëllung

Schwierigkeitsgrad 1/5

Mécht 6-8 Moink Balls • Preparatioun + Kachen : 75 Minutten • Rezept vun Weymis BBQ

  • -500 g Rëndsgehacktes
  • -50 g Cheddar Kéis (Wierfelen)
  • -12-16 Scheiwen Speck (2 / Moink Ball)
  • -1 Iessläffel brongen Zucker
  • -1 Téiläffel Salz
  • -1 Téiläffel  schwaarze Peffer
  • -1 Téiläffel geräuchert Paprika
  • -½ Téiläffel Knuewelekpolver
  • -½ Téiläffel Zwiwwelpolver
  • -3-4 Iessläffel Andalouse Zooss
  • -Glasur:
  • -4 Iessläffel Bbq Sauce
  • -2 Iessläffel Ahornsirop
Moink Balls mat Kéisfëllung

  1. 1D’Rëndsgehacktes mat de Gewierzer an der Andalouse Zooss vermëschen an 2 Stonnen an de Frigo stellen.
  2. 2De Smoker/ Grill op 110°C erhëtzen. Benotzt Holzchips wann Dir de Grill benotzt, fir de Rauchgeschmaach vum Smoker ze imitéieren.
  3. 36 bis 8 Bulletten formen, an se dann e bësse platt drécken (60-70 g pro Bulletten). E Kéiswierfel an der Mëtt placéieren, d‘Bulletten zou maachen a jeeweils mat 2 Scheiwe Speck awéckelen.
  4. 4Fir d'Glasur: BBQ Sauce mat Ahornsirop an enger Schossel vermëschen.
  5. 5D'Moinks Balls 35 bis 50 Minutten am Smoker oder am Grill smoken/grillen, ofhängeg vun der Gréisst.
  6. 6BBQ-Zooss mat Ahornsirop an enger klenger Schossel vermëschen an d‘Bulletten domat apinselen. D’Temperatur op 130°-140°C eropsetzen an nach 10 Minutte smoken/grille fir dass d‘Bulletten schéi karamelliséieren.