Gequëtschte Gromperen

Schwieregkeetsgrad 1/5

Fir 4 Pers • Preparatioun : 10 min • Kachen : 40 min • Rezept vun Vegelizious

  • -1kg Gromperen (kleng)
  • -4 Iessläffel Olivenueleg
  • -2 Téiläffel Knuewelekpolver
  • -2 Téiläffel Thymian, gedréchent
  • -1 Téiläffel Paprikapolver
  • -Salz
  • -Péiterséileg, frësh
  • -Samouraï Zooss
Gequëtschte Gromperen

  1. 1De Schäffchen op 220°C erhëtzen.
  2. 2Gromperen an een Deppe mat Waasser ginn an opkachen. Wann d’Waasser kacht, d’Gromperen 10 Minutte kache bis se duerch sinn. Ofschëdden a kuerz ofkille loossen.
  3. 3D’ Gromperen op ee mat Bakpabeier beluechten Blech leeën a mat engem Glas platt drécken.
  4. 4D‘Marinade preparéieren: Ueleg mat Thymian a Paprikapolver mëschen an d‘Gromperen domadder besträichen. 30-35 Minutte am Schäffche baken bis se gëllen a knuspereg sinn.
  5. 5Mat Salz a Péiterséileg bestreeën a mat Samouraï als Dip zerwéieren.